Verschiddenes

Verschiddenes

Ganz no Äre Virstellungen

An eiser Rubrik Verschiddenes gesitt Dir, dass den Atelier Kass zu Bous eng méi wéi interessant Adress ass, an dëst fir verschidden Projeten am Metall.

Braucht dir eng nei Bréifkëscht fir Äer Post? Sidd dir Hobbygäertner, an op der Sich no engem Hochbeet fir Äert Geméis selwer unzebauen? Oder hutt Dir soss eng Geleeënheet wou mir Iech mat eise ville Fähegkeeten weiderhëllefe kënnen?

Eisen Atelier konnt am Laf vu senger Existenz bei vill verschiddene Projeten Beruffserfahrung sammelen, a passt sech mat Freed Äere Wënsch a Virstellungen un. Eis Equipe freet sech op all méiglech, nei an interessant Erausfuerderungen.

Loosst eis vun Äerem Projet wëssen a rufft eis um +352 23 66 92 80 un, schreift eis op info@atelierkass.eu oder besicht eis direkt an eisem Büro an Atelier zu Bous, wou mir alles hierstellen. Mat grousser Freed maache mir eis Bescht fir Är nei Dier zesumme mat Iech ze verwierklechen. 

Bis dohin kënnt Dir an eisem Portfolio oder op Facebook nach weider Aarbechten vun eis entdecken an Iech vun eisen handwierkleche Kompetenzen iwwerzeegen.

Dir wëllt méi iwwert eis gewuer ginn? Dann léiert eisen Atelier hei besser kennen.