Eisen

Atelier

Eng Famill an en Atelier mat Traditioun

Dem Atelier Kass vu Bous seng Urspréng gi wäit zréck, bis an d’Joer 1834. Déi éischt Erfarungen als Schmadd goufe vun der Famill nach zu Elleng ënnerholl, éier den Atelier a säin Handwierk no bal engem Joerhonnert hire Wee op Bous fonnt huet.

Mir si stolz, dass eise Betrib scho säit bal 200 Joer seng Erfarungen a Beruffsgeheimnisser un déi nächst Generatioune wieder konnt ginn. Doduerch war et eiser Famill méiglech, dësem usprochsvollen a flotten Handwierk mat grousser Freed a Passioun trei ze bleiwen.

Sicht Dir nach no enger Ënnerstëtzung fir Är Renovéierung oder Ären Neibau? Dir sidd interesséiert, op eis Kompetenzen ze vertrauen? Den Atelier Kass a seng Mataarbechter freeë sech schonn drop, Äre Projet zesumme mat Iech ze plangen an ze realiséieren.

Eis Equipe

Mat grousser Léift fir de Beruff

Aktuell sinn an eisem Atelier mam Liz, Jean-Paul an Danielle 3 Memberen aus der Famill nach all Dag bei eis am Betrib aktiv. Sie suerge mat hirer Aarbecht dofir, dass eis Clienten, déi eis hiert Vertraue schenken, vum éischte Kontakt bis hin zum Ofschloss vun hirem Projet ganz zefridde sinn.

Well am Handwierk kee Betrib ouni eng Equipe u gudden an talentéierten Aarbechter bestoe kann, si mir frou an dankbar, dass mir an eisem Atelier momentan op 5 weider Aarbechter an hir Fäegkeeten ziele kënnen.

Mir sichen

Du bass interesséiert bei eis ze schaffen?

Mir, e klenge Familjebetrieb sichen e motivéierten Schlesser (m/w/d), dee drun interesséiert ass bei eis ze schaffen.

Et ass eng ofwiesslungsräich Oarbecht, wou vill verschidde Saachen gemat gin.

Wann dech dës Plaz interesséiert, da schéck eis däin CV op

Aarbechten

E grousse choix u Méiglechkeeten

Am Laf vun de leschte Joren hu mir beim Atelier Kass eng grouss Unzuel un Aarbechte bei eise Clienten verwierklecht, sief et Restauratiounen, Erweiderungen oder ganz nei Konstruktiounen. An eisem Portfolio freeë mir eis Iech eng breet Palette u Servicer ze presentéieren.

Hei fannt dir allerlee Informatiounen a Fotoen vu verschiddenen Aarbechten wéi Dieren, Trapen, Terrassen, Paarten, Gelänneren a villes méi...