Gelänner

En neit Gelänner

Secherheet huet Prioritéit

Mir beim Atelier Kass zu Bous hunn och eng laangjäreg Erfarung an der Hierstellung oder Restauratioun vun Gelänneren. Ob klassesch oder ganz modern, mat Glas oder Holz, bannen oder baussen, fir all Client a seng Usprech versiche mir déi beschte Léisung ze fannen.

Eis Equipe freet sech Iech hier berufflech Erfahrung a Fähegkeeten unzebidden. Wéi och bei all eisen anere Projeten ass d’Qualitéit vun eise Gelännere fir eis vun enormer Wichtegkeet.

Wëllt och dir d‘Sëcherheet an Äerem Doheem maximiséieren an op eis Fachaarbecht zréck gräifen?

Loosst eis vun Äerem Projet wëssen a rufft eis um +352 23 66 92 80 un, schreift eis op info@atelierkass.eu oder besicht eis zu Bous. Mat grousser Freed maache mir eist Bescht fir Äert neit Gelänner zesumme mat Iech ze verwierklechen.

An eisem Portfolio oder op Facebook kënnt dir weider Aarbechten vun eis entdecken an Iech vun eisen handwierkleche Kompetenzen iwwerzeegen.

Dir wëllt méi iwwert eis gewuer ginn? Dann léiert eisen Atelier hei besser kennen.