Dateschutz

1. Dateschutz Introduktioun

An eisem Dateschutz erkläre mir Iech wéi den Atelier Kass versicht säi Bescht d’Sécherheet op dëser Säit ze garantéieren an ass beméit d’Sécherheet vun Ärem Privatliewen an Ären perséinlechen Daten ganz am Aklang mat der europäescher perséinlecher Datebestëmmung (EU 2016/679 genannt «GDPR») vum europäeschen Parlament a Rot vum 27. Abrëll 2016 ze respektéiren.

De Benotzer kann sech am Kader vum Schutz vun senge perséinlechen Daten iwwer folgend Email Adresse info@atelierkass.eu beschwéieren. De Benotzer kann sech desweideren bei engem Sträit an dësem Beräich och un déi national Dateschutz Kommissioun mat Setz op der Adress 1 Avenue du Rock’n’Roll, L-4361 Esch-sur-Alzette wenden.

2. Besuch vun eiser Websäit

Wärend der Benotzung vun eiser Websäit veraarbechten mir nëmmen déi perséinlech Daten, déi ären Browser automatesch un eise Server iwwermëttelt. Ausserdeem gëtt är IP Adresse aus techneschen an erfuerderlechen Grënn vir uweisen an kucken vun eiser Websäit beaarbecht.

3. Kontaktformular

3.1.  Erklärung 

D’Atelier Kass s.àr.l. bitt Iech fir d’Vereinfachung vun engem direkte Kontakt een Kontaktformular op senger Websäit un. Dobäi ginn är un eis fräiwëlleg an ongezwongen iwwermëttelt perséinlech Daten per Email un eis geschéckt mam Zil vun engem bescht méiglechen Zil gespäichert, verwalt an beaarbecht. 

3.2. Veraarbecht Daten 

Obligatoresch Felder: D’Veraarbechtung vun Ärer Ufro (Privat oder berufflech) erfuerdert d’Späicheren vun Ären perséinlechen Daten, nämlech Virnumm, Nonumm, Telefonsnummer an Email Adresse.

D’Kontaktformular enthält en Feld “Noriicht”, an dem dir Äert Unleihen formuléieren kënnt. Et ass vun Virdeel, nëmmen déi Informatiounen unzeginn déi vir eis erfuerderlech sinn, a ganz besonnesch ze vermeiden, sensibel Daten (am Sënn vum Artikel 9 vun der DSGVO) iwwer Iech oder eng Drëtt Persoun (z.b. Daten iwwer Gesondheet, politesch Meenungen oder reliéis Iwwerzeegungen) unzeginn, ausser dëst ass net ze evitéieren.

Net obligatoresch Felder:  Wann dir wëllt, kënnt Dir an den net obligatoresche Felder zousätzlech Ugaben maachen, nämlech Är Telefonsnummer (dass mir iech bei eventuellen Froen erreeche kënnen) an bei Bewerbungen, déi dir berufflech areecht, den Numm vun Ärer Firma an Är Funktioun déi dir ausüübt.

3.3. Empfänger

Ufroen déi iwwer Kontaktformular un d’Atelier Kass s.àr.l. geriicht ginn, ginn un info@atelierkass.eu gesent, déi ausnamslos vum Propriétaire oder aneren Ugestallten vun der Atelier Kass s.àr.l. verwalt gëtt. Sämtlech Ufroen ginn am Zesummenhang vun Ärer Demande gespäichert an zu kengem Zäitpunkt vun iergendeen Drëtten weider geleet.

3.4. Späicherdauer

Déi iwwer Kontaktformular iwwermëttelt Ufroen ginn maximal fir en Zäitraum vun dräi Joer no Ofschloss vun der jeeweileger Demande gespäichert.

3.5. Rechter vun de betraffene Persounen

Dir hutt zu all Zäit d’Recht op:

  • Auskunft an eng Kopie vun den Iech betreffenden Daten (Artikel 15 vun der DSGVO)
  • Verbesserung vu falschen oder onvollstännegen Daten (Artikel 16 vun der DSGVO)
  • Widderspriechen géint d’Veraarbechtung vun Ären Daten ënnert de Konditiounen vum Artikel 21 vun der DSGVO
  • Läschen vun Ären Daten ënnert de Konditiounen vum Artikel 17 vun der DSGVO
  • Aschränkung vun der Veraarbechtung ënnert de Konditiounen vum Artikel 18 vun der DSGVO

Fir sämtlech Ufroen am Kontext vun der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Daten duerch d’Atelier Kass s.àr.l.. sou wei all Froen zu äre Rechter, bidden mir Iech eng Email un info@atelierkass.eu ze schécken.

3.6. Awendung

Wann Dir der Meenung sidd, dass d’Veraarbechtung vun Ären Daten duerch d’Atelier Kass s.àr.l. e Verstouss géint déi allgemeng Dateschutzbestëmmungen duerstellt, kënnt Dir Iech beim CNPD beschwéieren. 

4. Google reCAPTCHA

Vir eis Websäit an déi op hir befannende Formularen virun Bedruch a Mëssbrauch ze schützen benotze mir Google reCAPTCHA.

Weider Informatiounen fannt dir an den Benotzungsbedengungen an Dateschutzbestëmmungen vu Google.

5. Facebook Plugin

Op eiser Websäit benotze mir de Facebook Plugin vun der Firma Smashballoon LLC. Dëse Plugin erstellt eng direkt Verbindung op eise Facebook Account an sou kënne mir eis op Facebook gedeelten Medien op schnellem an onkomplizéierten Wee all Visiteur vun eiser Websäit präsentéieren. Wëllt Dir méi genau Informatiounen iwwer des Plugins an hir Dateschutzreglement wëssen, biede mir Iech folgende Link smashballoon.com/gdpr-and-our-plugins/ ze besichen.

6.1 Aféierung

An dësem Cookie-Guide gëtt erkläert wat Cookien sinn a wei mir se verwenden, wei eng Aarten vun  Cookien mir verwenden, d.h. wéi eng Informatiounen mir mat Cookien sammelen an wei des Informatiounen benotz ginn, an wei dir Cookie Astellungen steieren kennt. Weider Detailer doriwwer, wei mir är perséinlech Daten verwenden, späicheren an sécher opbewaaren, fann dir och op dëser Säit.

6.2 Wat si Cookien? 

Cookien si kleng Textdateien, déi dozou benotzt ginn, kleng Informatiounen ze späicheren. Sie ginn op ärem Computer gespäichert wann eis Websäit an ärem Browser geluede gëtt. Des Cookien hëllefen eis, eis Websäit uerdnungsgemäss funktionéieren ze loossen,  méi sécher ze maachen, an ze verbesseren. Service ze bidden an ze verstoen, wéi des Websäit funktionéiert an ze analyséieren, wat funktionéiert an wou se verbessert muss ginn.

6.3 Wéi benotze mir Cookien?

Wéi déi meescht Online-Déngschter verwent och eis Websäit Eischtanbieter- an Drëttanbieter-Cookien fir verschidden Zwecker. Eischtanbieter-Cookien si meeschten noutwendeg, dass d’Websäit richteg funktionéiert, a si sammelen keng perséinlech Daten vun Iech.

D’Cookien vun Drëttanbieter, déi op eiser Websäit verwent ginn, déngen haaptsächlech dozou, ze verstoen, wéi d’Websäit funktionéiert, wéi Dir mat eiser Websäit interagéiert, eis Säit sécher ze halen, Iech relevant Reklamme bereet ze stellen an Iech alles an allem eng besser a verbessert Erfarung ze bidden an Är zukünfteg Interaktiounen mat eiser Websäit ze beschleunegen. Dir kënnt Är Zoustëmmung zu all Zäit an der Cookie-Erklärung ënner folgendem Link änneren oder zréckzéien.

Cookie Astellungen

6.4 Wéi eng Aarten vu Cookien benotze mir?

Noutwendeg: Noutwendeg Cookien si fir dat uerdnungsgemäss Funktionéieren vun der Websäit onbedéngt erfuerderlech. Dës Kategorie ëmfaasst nëmme Cookien, déi grondleeënd Funktionalitéiten a Sécherheetsmerkmaler vun der Websäit sécher stellen. Dës Cookien späichere keng perséinlech Informatiounen.

Net noutwendeg: Als net noutwendeg Cookien ginn all Cookie bezeechent, déi fir d’Funktionéieren vun der Websäit net onbedéngt noutwendeg sinn a speziell fir d’Sammlung vu perséinlechen Daten vun de Benotzer iwwer Analysen, Uweisen oder aner integréiert Inhalter verwent ginn. Et ass zwéngend erfuerderlech, d’Zoustëmmung vum Benotzer ze kréien, éier dës Cookien op der Websäit agesat ginn.

Funktionell: E puer Cookien sinn onverzichtbar, dass Dir déi voll Funktionalitéit vun eiser Websäit benotze kënnt. Sie erméiglechen et eis, Benotzersëtzungen oprecht ze erhalen an eventuell Sécherheetsbedreeungen ze verhënneren. Sie sammelen oder späicheren keng perséinlech Informatiounen. Dës Cookien erméiglechen et Iech zum Beispill, Iech an Äre Konto anzeloggen, Produkter an Äre Wuerekuerf ze leeën oder sécher an d’Keess ze goen.

Analytesch: Dës Cookien späicheren Informatiounen wéi d’Unzuel vu Visiteuren op der Websäit, déi Säite vun der Websäit besicht hunn, d’Quelle vum Besuch, asw. Dës Daten hëllefen eis ze verstoen an ze analyséieren, wéi gutt d’Websäit funktionéiert a wou se verbessert muss ginn.

Reklamm: Op eiser Websäit kënne Reklammen ugewise ginn. D’Cookien, gi benotzt fir d’Reklammen déi mir Iech weisen, ze personaliséieren, dass se fir Iech sënnvoll ass. Dës Cookien hëllefen eis och, d’Effizienz vun dëse Werbecampagnen ze verfollegen. Déi an dëse Cookien gespäicherten Informatiounen kënnen och vun den Drëttanbietern vir Reklamme verwent ginn, fir Iech Reklammen och op aneren Websäiten am Browser unzeweisen.

Eng Lëscht mat all de Cookien déi mir op eiser Säit benotzen:

CookieDescription
Noutwendeg
cookielawinfo-checkbox-advertisementDëse Cookie ass agestallt vum GDPR Cookie Consent Plugin. Dëse Cookie gëtt benotzt mam Zil Äer Zoustëmmung fir d'Cookie Kategorie "Reklamm" ze späicheren.
cookielawinfo-checbox-othersDëse Cookie ass agestallt vum GDPR Cookie Consent Plugin. Dëse Cookie gëtt benotzt mam Zil Äer Zoustëmmung fir d'Cookie Kategorie "Aner" ze späicheren.
viewed_cookie_policyDëse Cookie ass agestallt vum GDPR Cookie Consent Plugin a gëtt benotzt fir ze kontrolléieren ob Dir Äer Zoustëmmung fir d'Benotze vun de Cookien ginn hutt. Et gi keng weider perséinlech Daten gespäichert.
cookielawinfo-checkbox-necessaryDëse Cookie ass agestallt vum GDPR Cookie Consent Plugin. Dëse Cookie gëtt benotzt mam Zil Äer Zoustëmmung fir d'Cookie Kategorie "Noutwendeg" ze späicheren.
cookielawinfo-checbox-functionalDëse Cookie ass agestallt vum GDPR Cookie Consent Plugin. Dëse Cookie gëtt benotzt mam Zil Äer Zoustëmmung fir d'Cookie Kategorie "Funktionell" ze späicheren.
cookielawinfo-checkbox-performanceDëse Cookie ass agestallt vum GDPR Cookie Consent Plugin. Dëse Cookie gëtt benotzt mam Zil Äer Zoustëmmung fir d'Cookie Kategorie "Performanz" ze späicheren.
cookielawinfo-checbox-analyticsDëse Cookie ass agestallt vum GDPR Cookie Consent Plugin. Dëse Cookie gëtt benotzt mam Zil Äer Zoustëmmung fir d'Cookie Kategorie "Analytesch" ze späicheren.
Funktionell
pll_languageDëse Cookie ass agestallt vum Polylang Plugin fir Wordpress bedriwwe Säiten. Dëse Cookie späichert de Sprooche Code vun der leschter Browser Säit.
Aner
__EC_TEST__No description

Sollt Dir Iech am Laf vun Ärer Browsersëtzung entscheeden, Är Astellungen ze änneren, kënnt Dir dat wann Dir hei op dëse Button “Cookie settings” dréckt. Doduerch wäert den Hiweis op d’Awëllegung erëm ugewise ginn, sou dass Dir Är Astellungen änneren oder Är Awëllegung ganz zréckruffen kënnt.

Cookie Astellungen

Doriwwer eraus bidden verschidde Browser ënnerschiddlech Methoden fir d’Blockéieren a Läschen vu Cookien, déi vu Websäite verwent ginn. Dir kënnt d’Astellungen vun Ärem Browser änneren, fir d’Cookien ze blockéieren/läschen. Wann dir méi wëllt doriwwer gewuer ginn, wéi Dir déi Tracking-Tools resp. Cookien verwalt oder läsche kënnt, kënnt dir www.wikipedia.org, www.allaboutcookies.org oder www.youronlinechoices.eu besichen.