3

Atelier Kass

Ären Expert am Metallbau.

Häerzlech Wëllkomm beim Atelier Kass vu Bous! Iwwer Generatiounen huet eis Famill d’Handwierk vum Schmadd weiderginn a konnt sech bei all den Aarbechten op hir laangjäreg Beruffserfarungen a Kompetenze verloossen.

Bei all eise Konstruktiounen ass et eiser ganzer Equipe vu gréisster Wichtegkeet, eisem Client en zouverlässege Service mat héchstem Standard u Material a Main d’oeuvre unzebidden.

Sicht Dir nach no der richteger Ënnerstëtzung? Mir am Atelier Kass freeën eis drop, Äre Projet zesumme mat Iech ze plangen an ze realiséieren.

Aarbechten

E grousse choix u Méiglechkeeten

Am Laf vun de leschte Joren hu mir beim Atelier Kass eng grouss Unzuel un Aarbechte bei eise Clienten verwierklecht, sief et Restauratiounen, Erweiderungen oder ganz nei Konstruktiounen. An eisem Portfolio freeë mir eis Iech eng breet Palette u Servicer ze presentéieren.

Hei fannt dir allerlee Informatiounen a Fotoen vu verschiddenen Aarbechten wéi Dieren, Trapen, Terrassen, Paarten, Gelänneren a villes méi...

Kontakt

Mir stinn Iech Ried an Äntfert

Sidd dir op der Sich no engem kompetente Schmadd, deen Iech mat senger laangjäreger Erfarung richteg beréit? Den Atelier Kass vu Bous a seng ganz Equipe freet sech mat Iech a Kontakt ze kommen a vun Äeren Iddien ze héieren. Schreiwt eis oder ruft eis un, a mir versichen Iech mat eiser joerzéngtelaanger Expertise an der Metallkonstruktioun ze beroden.

Adresse

2, rue de Remich
L-5408 Bous

Telefon

+352 23 66 92 80

Email

info@atelierkass.eu

Auerzäiten

Mé-Do: 8h-12h & 13h-16h
Freides: 8h-12h & 13h-15h