Terrassen

eng nei Terrass

iNVESTéierT an Äert Wuelbefannen

Mir konnten am Laf vun eiser Existenz och räichlech Kompetenzen an der Konstruktioun vun Terrasse sammelen. Dobäi benotze mir nieft Metall och eng Kombinatioun vun anere Materialien wéi z.B Holz a Glas.

Doduerch ass et eis méiglech Iech och an dësem Beräich eng exzellent Aarbecht unzebidden, sou dass dir och bei Äerer Terrass op eis baue kënnt.

Et gëtt näischt besseres wéi seng wuelverdéngten Fräizäit op senger flotter Terrass ze genéissen. Dofir stelle mir bei all eise Chantieren sëcher, dass nëmmen déi bescht méiglech Materialien an eis Pläng agebonne ginn.

Loosst eis vun Äerem Projet wëssen a rufft eis um +352 23 66 92 80 un, schreift eis op info@atelierkass.eu oder besicht eis zu Bous. Mat grousser Freed maache mir eist Bescht fir Äer nei Terrass zesumme mat Iech ze verwierklechen.

An eisem Portfolio oder op Facebook kënnt dir weider Aarbechten vun eis entdecken an Iech vun eisen handwierkleche Kompetenzen iwwerzeegen.

Dir wëllt méi iwwert eis gewuer ginn? Dann léiert eisen Atelier hei besser kennen.