Impressum

Propriétaire:

Atelier Kass s.àr.l.
2, rue de Remich
L-5408 Bous

+352 23 66 92 80

info@atelierkass.eu
www.atelierkass.eu

Design:

Ohjo s.à r.l.-s.
25a, route de l’Europe
L-5531 Remich

info@ohjo.lu
www.ohjo.lu

Video & Bildquellen

All weider Photoen op dëser Websäit sinn urheberrechtlech geschützt.

De Copyright vun de Biller leie bei der Atelier Kass s.àr.l.

Hosting:

1&1 IONOS SEE
lgendorfer Str.
D-5756410 Montabaur
Germany

Tel.: +49 (0) 721 170 5522

info@ionos.de
www.ionos.de


1. Allgemeng

1. Virwuert

Vun all Persoun déi des Websäit an déi ugebueden Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidden Déngschtleeschtungen notzt, gëtt verlaangt an ugeholl, dass se déi folgend Bestëmmungen an hirer Gesamtheet gelies an akzeptéiert huet.

1.2. Zweck

Dës Websäit gouf vun der Atelier Kass s.àr.l. fir Marketing Zwecker ageriicht. D’Steigeren vun der Popularitéit, d’Berichter iwwer déi verschidden Déngschtleeschtungen, d’Erliichteren vum Kontakt an d’Gewënnung vu méiglechen neie Clienten zielen zu de wichtegsten Aspekter vun dëser Websäit.

1.3. Flichten vum Benotzer

De gratis Zougrëff op dës Säit geet iwwert den Internet. 

De Benotzer erkläert, dass him d’Risiken bekannt sinn an hien dës ouni Ausnam akzeptéiert. De Benotzer muss sech eegestänneg duerch eng ugepassten a sécher Computerkonfiguratioun virun den Auswierkunge vun der Computerpiraterie schützen.

D’Atelier Kass s.àr.l. kann net fir eventuell Schied verantwortlech gemaach ginn, déi bei der Benotzung direkt oder indirekt am Zesummenhang mat der Navigatioun op dëser Websäit oder op verlinkten Internetsäiten, ob déi si verweist, entstoe kënnen.

Wärend dem Benotze vun dëser Websäit verséchert de Benotzer sech ëmmer richteg, mat beschter Absicht dem Gesetz no géigeniwwer der Atelier Kass s.àr.l. a senge Partner zu behuelen. Den Atelier Kass behält sech d’Recht dem Benotzer den Zougang zu der Internetsäit zu all Zäitpunkt an ouni Virwarnung zu verweigeren.

2. Haftung

2.1. Beaarbechtung

D’Atelier Kass s.àr.l. agéiert bei der Verëffentlechung an der reegelméissege Aktualiséierung vu sämtlechen Inhalter op dëser Websäit mat grousser Suergfalt. Allerdéngs kann zu kengem Moment eng Garantie oder Haftung besonnesch fir d’Vollstännegkeet, Richtegkeet, Aktualitéit an Notzung vun de verëffentlechten Informatiounen iwwerholl ginn.

D’Atelier Kass s.àr.l. kann dës Websäit ouni Bescheed ze soen weiderentwéckelen, änneren oder aussetzen, fir drun ze schaffen, se ze aktualiséieren oder aus anere Grënn, déi fir noutwendeg gehale ginn.

D’Atelier Kass s.àr.l. kann zu all Zäit en Deel vun der op der Websäit enthalen oder ugebuedenen Informatiounen an Déngschtleeschtungen läschen, dobäi fügen, ergänzen oder präziséieren. D’Atelier Kass s.àr.l. kann net fir direkt oder indirekt Schied am Zesummenhang mat iergendwellechen Ännerungen haftbar gemaach ginn.

Bei eventuellen Froen oder Ureegungen un d’Atelier Kass s.àr.l. am Kontext vun dëser Websäit biede mir Iech einfach eng E-Mail un info@atelierkass.eu ze senden. Mir versichen sämtlech Ufroen schnellstméiglech ze beäntwerten.

2.2. Verfügbarkeet

D’Atelier Kass s.àr.l. waacht iwwer d’Verfügbarkeet vun dëser Websäit. Trotz all deem iwwerhëlt d’Atelier Kass s.àr.l. kengerlee Haftung am Fall wou d’Websäit net verfügbar ass wéinst eventuellen Aarbechten, technesche Problemer oder soss iergendwellechen Grënn.

2.3. Extern Linken

Fir d’Bequeemlechkeet vum Benotzer kann des Websäit Linken zu anere Websäiten enthalen, déi fir si nëtzlech oder vun Interessi kënne sinn. D’Atelier Kass s.àr.l. iwwerhëlt a kenger Weis Verantwortung iwwer d’Verfügbarkeet an den Inhalt op dëse verlinkten Internetsäiten. Et gëtt kengerlee reegelméisseg Iwwerpréiwung vun den Inhalter verübt. Fir den op den verlinkten Säiten verëffentlechten Inhalt haft ausschliisslech hire Bedreiwer an den Atelier Kass genéisst total Onofhängegkeet géigeniwwer dëse Säiten an hiren Verwalter.

3. Geeschtlechen Eegentum (Copyright)

Dës Websäit sou wéi sämtlech Elementer, Opbau an Informatiounen sinn duerch d’Gesetzer fir de Schutz vum geeschtlechen Eegentum a vum Auteursrecht geschützt.

Dem Benotzer gëtt erlaabt d’Bild Material an d’Informatiounen ausdrécklech nëmmen ënner folgenden Bedéngungen weider ze verwenden:

  • d’Inhalter dierfen nëmme fir de private Gebrauch verwent ginn
  • d’Inhalter dierfen a kengster Weis beaarbecht ginn
  • d’Inhalter dierfen zu kengem Zäitpunkt verëffentlecht ginn

Dës Iech implizitt oder explizitt erlaabte Rechter, sinn eng Benotzungsgenehmegung a kengesfalls eng Iwwerdroung vun Rechter, Eegentum oder anerem a Bezuch op dës Websäit duer.

4. Ännerung vun den allgemengen Benotzungsbedéngungen

Déi virleiend allgemeng Benotzungsbedéngungen kënnen zu all Zäit an ouni Virukënnegung geännert oder ergänzt ginn, jee no den Ännerungen, Ännerungen vun de Gesetzer oder aus all aneren Grond, deen als noutwendeg ugesi gëtt. Et leit an der Verantwortung vum Benotzer, sech iwwer déi allgemeng Benotzungsbedéngungen vun der Websäit ze informéieren, vun deenen nëmmen déi online zougänglech, aktualiséierte Versioun als gëlteg ugesi gëtt.

Et ass méiglech, dass zwëschen zwou Notzungen vun der Websäit déi allgemeng Benotzungsbedéngungen geännert ginn an et ass dohier d’Aufgab vum Benotzer, dës ze liesen.

5. Uwennbar Recht an zouständeg Justiz

All Streidegkeeten am Zesummenhang mat der Benotzung vun dëser Websäit an hiren Déngschter ënnerleien dem lëtzebuergesche Recht an der ausschliisslecher Zoustännegkeet vun der Justiz vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.

6. Schutz vu perséinlechen Daten

Informatiounen iwwer d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Daten fannt Dir an eiser Dateschutzerklärung.