Trapen

Eng nei Trap

E mix aus Design a Fonktionalitéit

Den Atelier Kass ass, nieft enger ganzer Rei Servicer och an der Hierstellung vun Trapen spezialiséiert. Ob fir de Bannen- oder Bausseberäich, mir ginn eist Bescht fir jiddereen, an all Projet déi passend Léisung ze fannen.

Natierlech stelle mir och Trapen a Kombinatioun mat Glas oder Holz hier, wou mir vun enger jorelaanger Zesummenaarbecht mat eisen Handwierkskollegen profitéieren.

Mat grousser Virfreed ass eis Equipe bereet, Iech mat all hirer Beruffserfarung an handwierklechen Kompetenzen bei Äerem Chantier ze begleeden. Mir leeën e grousse Wäert op Qualitéit a suergen dofir, dass eis Aarbechten zu Ärer gréisst méiglecher Zefriddenheet realiséiert ginn.

Wëllt och dir bei Äerem Neibau oder Ärer Renovéierung nei Trapen installéieren?

Loosst eis vun Äerem Projet wëssen a rufft eis um +352 23 66 92 80 un, schreift eis op info@atelierkass.eu oder besicht eis direkt an eisem Büro an Atelier zu Bous, wou mir alles hierstellen. Mat grousser Freed maache mir eis Bescht fir Äer nei Trap zesumme mat Iech ze verwierklechen.

An eisem Portfolio oder op Facebook kënnt dir weider Aarbechten vun eis entdecken an Iech vun eisen handwierkleche Kompetenzen iwwerzeegen.

Dir wëllt méi iwwert eis gewuer ginn? Dann léiert eisen Atelier hei besser kennen.