Eis Aarbechten

Eng zouverlässeg Aarbecht an der Metallveraarbechtung

Den Atelier Kass a seng Equipe sinn houfreg Iech hier breet Palette vun Aarbechten an der Metallkonstruktioun ze presentéieren. An eisem Portfolio fannt dir allerlee Beispiller am Bannen- esou wéi och am Bausseberäich. Mat ganz ënnerschiddlechen Metallen a Formen, oft och a Kombinatioun mat aner Materialien wéi z.B. Holz, Glas etc, hu mir am Laf vun de leschte Joren bei eise Clienten eng gréisser Unzuel u klengen a groussen Aarbechten verwierklecht.

Eng Auswiel kënnt dir hei op dëser Säit entdecken an Iech vun eisen Dieren, Trapen, Paarten, Gelänner, Terrassen asw. inspiréiere loossen.  Desweideren fannt dir an eiser Rubrik Verschiddenes och eng Selektioun un aner ganz ennerschiddlech Méiglechkeeten vu Metallveraarbechtung déi mir och ubidden kënnen.

Dobäi sinn Ärer Kreativitéit an Äre Besoin’en bal keng Grenze gesat, mat eiser laangjäreger Beruffserfarung ass et fir eis ëmmer rëm eng Freed nei an usprochsvoll Erausfuerderungen an eisem Handwierk ze entdecken an ze meeschteren.

Op eisem Facebook kënnt dir nach weider Aarbechten vun eis entdecken an Iech vun eisen handwierkleche Kompetenzen iwwerzeegen.

Dieren

Dieren

Och an der Hierstellung an an der Montage vun Dieren si mir mat eiser Erfarung am Metall en zouverlässege Partner fir Äre Projet. Sief dat am privaten oder geschäftleche Beräich, sou wéi och am Secteur Public….

read more
Trapen

Trapen

Den Atelier Kass ass, nieft enger ganzer Rei Servicer och an der Hierstellung vun Trapen spezialiséiert. Ob fir de Bannen- oder Bausseberäich, mir ginn eist Bescht fir jiddereen, an all…

read more
Gelänner

Gelänner

Mir beim Atelier Kass zu Bous hunn och eng laangjäreg Erfarung an der Hierstellung oder Restauratioun vun Gelänneren. Ob klassesch oder ganz modern, mat Glas oder Holz, bannen oder baussen, fir all Projet versiche mir…

read more
Paarten

Paarten

D’Hierstellung vu Paarten spillt an eisem Atelier eng grouss Roll a gëtt oft vun eise Clienten an Usproch geholl. Wéi bei all eisen Aarbechten leeë mir och hei grousse Wäert op Qualitéit, Material an Handaarbecht…

read more
Terrassen

Terrassen

Mir konnten am Laf vun eiser Existenz och räichlech Kompetenzen an der Konstruktioun vun Terrasse sammelen. Dobäi benotze mir nieft Metall och eng Kombinatioun vun anere Materialien wéi z.B Holz a Glas. Doduerch ass et…

read more
Verschiddenes

Verschiddenes

An eiser Rubrik Verschiddenes gesitt Dir, dass den Atelier Kass zu Bous eng méi wéi interessant Adress, an dëst fir verschidden Projeten am Metall ass. Braucht dir eng nei Bréifkëscht fir Är Post? Sidd dir Hobbygäertner, an…

read more

Galerie

Verschidde Konstruktiounen

Eisen
Atelier

ENG FAMILL AN E BETRIB MAT TRADITIOUN

Dem Atelier Kass vu Bous seng Urspréng gi wäit zréck bis an d’Joer 1834. Déi éischt Erfarungen an Aarbechten als Schmadd goufe vun der Famill nach zu Elleng ënnerholl éier den Atelier a säin Handwierk no bal engem Joerhonnert hiere Wee op Bous fonnt hunn…